Iwwert de Programm

Primary tabs

De Mérite Jeunesse gëtt deene Jonken Erfahrunge fir d’Liewe mat op de Wee.

Jonker brauchen och Méiglechkeeten ausserhalb vum Klassesall fir sech weiderzëentwéckelen an hiert Potential ze erkennen an sou zu responsabelen Erwuessene kennen ze ginn.

All Jugendlechen tëschent 14-24 Joer ka beim The Duke of Edinburgh’s International Award, der weltwäit bekanntster Jugendorganisatioun matmaachen. Egal wéien kulturellen Hannergrond, wéi eng sportlech Viraussetzungen, Talenter oder Interessen een huet, de Mérite Jeunesse ass oppe fir all jonke Mënsch. Et ass ee Challenge eenzeg géint sech selwer an soll engem d’Chance ginn mol bis un seng Limitten ze goen an nei Zieler ze erreechen.

Säit der Grënnung viru 60 Joer huet den International Award Millioune jonk Leit a säi Bann gezunn. Als parascolaire Bildung spillt den Award eng wichteg Roll an der Entwécklung an all Jonke kann sech aschreiwen a matmaachen.

 

 

The aim of education is to impel people into value forming experiences… to ensure the survival of these qualities: an enterprising curiosity, an undefeatable spirit, tenacity in pursuit… and above all, compassion… it is culpable neglect not to impel young people into experiences.”

Dr Kurt Hahn

 

 

 

Beim Mérite Jeunesse ass Ausdauer gefrot. Et ass ee Marathon a kee Sprint.

Et ginn 3 verschidden Niveauen:

 

 

 

Bronze kann een ab 14 Joer ufänken an et muss ee mindestens während 6 Méint aktiv sinn.

 

 

 

Selwer kann een ab 15 Joer ufänken. Hei si minimum 6 Méint Asaz gefrot a fir een deen nach kee Bronze huet, sinn et 12 Méint.

 

 

 

Gold kann een ab 16 Joer ufänken. Hei muss ee Minimum 12 Méint aktiv sinn, oder als Direkteinsteiger 18 Méint.

Bei Gold kënnt ee Volet dobäi: de Projet résidentiel.

 

 

 

 
 Duke of Edinburgh's International Award