Geschicht

Primary tabs

De Mérite Jeunesse

Säit 1993 ass d’Fondatioun Mérite Jeunesse Luxembourg Member vum The Duke of Edingburgh’s International Award Foundation .

Fir d’éischt ass et de Mérite Jeunesse just an der Europaschoul zu Lëtzebuerg ginn. 8 Proffe vun do haten de Programm am Kader vun enger Visite an der Europaschoul zu Antwerpen presentéiert kritt an hunn dësen déi nächst Rentrée als parascolaire Aktivitéit zu Lëtzebuerg an der Europaschoul lancéiert.

Den 29. Abrëll 1993 huet dunn de Stéphane Gilbart, ee vun deenen 8 Proffen, un enger Versammlung am Familljen- an Educatiounsministère um Rousegäertchen deelgeholl déi als Ziel hat de Programm virzestellen. Ënner anerem waren de S.A.R. Prënz Guillaume, d’Madamm Mady Delvaux (deemools Staatssekretärin) an de Franz-Charles Muller (deemools Direkter vum Service National de la Jeunesse) present.

Den 8. Juni 1993 ass dunn den éischte konkrete Schrëtt gemaach ginn fir de Mérite Jeunesse zu Lëtzebuerg ze lancéieren an am Kader vun enger Versammlung, um Siège vum SNJ op der Plëss, ass iwwert d’Organisatioun vum Programm am Grand-Duché diskutéiert ginn. Offiziell ass d’Fondatioun dem Notaire am September vun deem Joer virgeluecht ginn an den 13. Oktober huet, wéinst Aarbechten am Palais Grand-Ducal, d’Aweihungszeremonie an der Presenz vum S.A.R. Grand-Duc Jean an der Villa Vauban stattfonnt.

De Programm ass 1993 an 8 Schoulen an Organisatiounen ugebuede ginn a bis 2016 ass d’Unzuel vun den Unitéiten op 30 eropgeklomm.

Geschicht vum Internationale Jugendprogramm

Den The Duke of Edingburgh’s International Award huet seng Entstehung 3 Männer ze verdanken: dem S.A.R. Prënz Philip, Herzog vun Edinbourgh, dem Kurt Hahn, däitsche Pedagog an dem Lord Hunt, Chef vum éischten Expeditiounsgrupp deen um Mount Everest war.

Nom zweete Weltkrich ass et eng markant Unzuel u jonke Männer tëschent 15-18 Joer ginn, déi keng Beschäftegung hate vun deem Moment un wou si mat der Schoul fäerdeg ware bis se hire Militärdéngscht ugefaangen hunn.

Inspiréiert un der Philosophie vum Kurt Hahn, Fondateur an Direkter vun der  Gordonstoun School a Schottland dee Kontakt mam S.A.R. Prënz Philipp hat, ass e Programm entstanen deen aus 4 verschiddene Volete bestanen huet: Training am Rettungsdéngscht, Expeditioun, Projeten/Recherchen a Sport.

Am Ufank war de Programm just fir 14-18 järeg Jongen zougänglech, mee wou d’Demande ëmmer méi grouss ginn ass, ass 1958 een ähnleche Programm fir Meedercher opgestallt ginn. De Programm huet sech weiderentwéckelt bis am Joer 1980 wou d’Alterslimitt op 24 Joer gesat ginn ass an den Inhalt deem haitegen entsprach huet: Benevolat, Talent, Expeditioun a Sport an dat fir Jongen a Meedercher selwecht.

 

De Programm iwwert d’Grenzen ewech

Soubal sech de Programm a Groussbritannien etabléiert hat waren och schon déi éischt Länner drun interesséiert fir de Programm och bei sech anzeféieren. Am Ufank waren et international Schoulen ewéi d’Europaschoul déi mam Programm ugefaangen hunn, mee kuerz duerno sinn och Jugendorganisatiounen aktiv ginn.

1931 ass et de Programm an 31 Länner ginn a bis 1989 waren et der schon 48 déi sech engagéiert haten. Duerch déi schnell Ausbreedung ass dunn am Joer 1988 The Duke of Edinburgh’s Award International Association an d’Liewe geruff ginn.

De Programm leeft a verschiddene Länner ënnert engem eegenen Numm an esou och zu Lëtzebuerg: Mérite Jeunesse Luxembourg. Dir kënnt méi iwwert dësen internationale Programm gewuer ginn a wou et en iwwerall gëtt wann dir bei the Award Near You vum International Award kucke gitt. Dat Wichtegst ass: egal wéi den Numm ass, de Programm ass weltwäit dee selwechten.

Duerch d’Verbreedung  iwwert all Kontinenter an deene leschte 60 Joer kënnen ëmmer méi Jonker mam Programm erreecht ginn. Zum haitegen Zäitpunkt gëtt et de Mérite an iwwer 140 Länner. Mëttlerweil breet en sech och op eng aner Aart a Weis aus, well elo  déi Jonk déi virdru keng Méiglechkeet haten sech fräi ze entfalen um Programm kënnen deelhuelen. Rezent Projeten uechter d’Welt hunn als Ziel Jugendlecher ze erreeche mat méi schwieregen Viraussetzungen ewéi déi mat engem Handicap, déi op der Strooss liewen, oder och Kanner vun Urawunner. Op dës jonk Mënschen ass den Afloss vum Programm nach vill méi grouss, well en hiert Liewe verännert.

Déi weltwäit Ausbreedung vum Programm weist wéi universal d’Beruffung an d’Visioun vu senge Fondateure war. De S.A.R. Prënz Philipp gëtt sech trotz allem iwwerrascht iwwert des Phenomen:

"When the first trial of the Award was launched in 1956, no one had any idea quite what would happen. In the event it was an instant success, and the Award has been growing and expanding worldwide ever since."

 

 

 

 

 

 

 

 
 Duke of Edinburgh's International Award