Als Unitéit de Programm starten

Primary tabs

Wien kann eng Unitéit ginn?

  • Eng Schoul
  • Eng Jugendorganisatioun
  • Ee Sozial- oder Sportsclub
  • Eng Firma

Eng Unitéit brauch mindestens zwee Tuteure fir déi Jonk ze encadréieren a reegelméissege Kontakt mam Nationalbureau ze fleegen.

 

Wat bedeit et eng Unitéit ze sinn?

Eng Unitéit ze gi bedeit mat an d’Boot ze klamme vun deem weltwäit gréisste Jugendprogramm.

Déi eenzegaarteg Flexibilitéit vum Mérite mécht et einfach fir de Programm deene verschiddene Kulturen a Gesellschaften unzepassen. D’Grondprinzipie bleiwen ëmmer déi selwecht, mee d’Duerchféierung an d’Aktivitéite variéiere je no Bedürfnis vun deene Jonken aus deem jeeweilege Land.

Op Grond vun dëser Flexibilitéit a Bestännegkeet vum Mérite Jeunesse, konnt de Programm an deene leschte 60 Joer konstant wuessen, sech weiderentwéckelen an huet sech mëttlerweil an iwwer 140 Länner etabléiert.

Wéi kann een eng Unitéit ginn?

Fir de Mérite Jeunesse an enger Schoul oder Organisatioun duerchféieren ze kënnen, muss ee fir d’éischt eng Unitéit ginn an zwee Tuteuren hunn déi déi Jonk encadréieren.

Wann dir interesséiert sidd fir eng Unitéit ze ginn, da mellt Iech beim Nationalbureau.

 

 
 Duke of Edinburgh's International Award