Infoe Participant

Primary tabs

Hei fënns du ënner anerem Dokumenter an Informatiounen zum Thema Projet Résidentiel, Expeditioun an de Carnet de bord.

 

Deng « To-do-Lëscht » fir de Volet Expeditioun:

  • Preparatiounsatelieren :

Du muss eemol dës Ateliere matmaache fir alles ze wësse wann s du op eng Expeditioun gees. Wann s du also zum Beispill fir Bronze eng Expeditioun zu Fouss méchs, brauchs du dës um Niveau Selwer nit nach eemol ze maachen. Wann s du awer fir Selwer mam Vëlo, Päerd,… wëlls op eng Expeditioun goen, da muss du natierlech déi néideg Atelieren duerfir maachen.

  • Preparatiounsexpeditioun :

Du bass mindestens een Dag dobaussen ënnerwee fir fir deng Expeditioun ze trainéieren an dat mat engem kompetenten Erwuessenen deen dir nach Tipps an Tricks ka mat op de Wee ginn. Eng Preparatiounsexpeditioun gëtt op all Niveau gemaach.

  • Déi eigentlech Expeditioun oder och Expeditioun- Finale:

Du bass 2-4 Deeg (jee no Niveau) dobaussen ënnerwee mat engem kompetente Responsabelen (a keen aus denger Famill)  deen ëmmer an denger Géigend ass a méchs an dengem Grupp vu 4-7 Jonken deng Expeditioun. No dëser Expeditioun gëss du dem Responsabelen ee klenge Rapport of iwwert deng Expeditioun ( kuck och ënnen d’Dokument ‚Rapport no der Expeditioun‘).

 Hei fënns du d'Datumer vun den Atelieren an Expeditiounen déi vum Nationalbüro organiséiert ginn: Agenda

 

Méiglech Aktivitéiten fir däi Programm:

 

 

 

  • a Kooperatioun mat der GLCR erméiglecht de Mérite Jeunesse dir et och un enger Seegelexpeditioun deelzehuelen.

 Hei kanns du dir ukucken wéi eng Seegelexpeditioun mat der GLCR ausgesäit: Video.

 

 

Fir weider Infoen iwwert Projeten oder Aktivitéiten, mellt iech am Nationalbureau.

 

 

 

 
 Duke of Edinburgh's International Award