
Bass du nach op der Sich no enger Aktivitéit fir de Volet Talent?
Am Project Squat am Forum Geesseknäppchen hues du d'Méiglechkeet fir mat der Ënnerstëtzung vu professionelle Coachen denger Fantasie a Kreativitéit fräie Laf ze loossen an u Produiten a Projeten ze schaffen.
Weider Infoen fënns du hei:
Vun Dënschtes bis Fréides stinn iech Coachen zur Säit vun 13h bis 17h (nëmmen wärend de Schoulzäiten)
Dënschtes: Benjamin Leonardis: Eventmanager
Mëttwochs: Julie Conrad: Produktdesigner & Grafikdesigner
Donnëschtes: Raoul Gross: Produktdesigner
Fréides: Indira Kocan: Grafikdesignerin