Temoignagen vu Méritanten

Primary tabs

Charel Wohl - Gold

Mäin Numm ass Charel Wohl an ech hunn zweemol um Concours Jonk Fuerscher zu Lëtzebuerg mat mengem Projet ’Defence of Garlic Against Herbivory and Heavy Metals' deelgeholl. Duerno hunn ech mech un renomméierten internationale Concourse beworbe wéi zum Beispill EUCYS 2011 an LIYSF 2011. Ee Joer méi spéit hunn ech dunn d’Sëlwermedaile fir wëssenschaftlecht Denken op der Olympiad INESPO gewonnen. Zur selwechter Zäit hunn ech als Direkteinsteiger beim Mérite Jeunesse den Niveau Gold gemaach.

Ech hunn d’Angebot fir een ongleefleche PhD Projet ugeholl wou ech organesch Gasspueren aus deenen zwee Polarmieren moossen an opzeechnen. Meng éischt Schrëtt zum Polarfuerscher.

Meng Erfahrungen an Erliefnisser beim Mérite Jeunesse an Jonk Fuerscher hu mech doranner bestäerkt fir mech fir dee Projet ze bewerben. Den abenteuerleche Geescht vum Mérite a Kombinatioun mam experimentellen a kreative Gedanke vun Jonk Fuerscher hunn sou op mech ofgefierft dass et sou zu dem PhD komm ass.

All dat erzielen ech iech well d’Friichten déi d’Aarbecht vum Mérite Jeunesse a Jonk Fuerscher dréit net materiell ze erfaassen, also och net ëmmer offensichtlech sinn. Et sinn zwee wonnerbar Programmer déi et  jonke Leit erméiglechen nei Iddien entstoen ze loossen déi hire Charakter an hir Zukunft prägen. Dëst huet een enormen Afloss op eis Gesellschaft an d’Welt insgesamt. Déi Leit bewierke vill Guddes.

 

Nora Bohler - Gold

D’Nora aus dem Lycée de Garçons vun Esch huet op der Remise vun de Certificaten 2017 iwwert seng Erfarungen am Volet Sport, Talent a Projet Résidentiel erzielt. Hatt war ganz oppen an huet dem Publikum erzielt dass hatt iert et sech beim Mérite ageschriwwen huet net immens engagéiert war an oft doheem virun der Televisioun souz. Duerch de Mérite huet et geléiert och mol op d’Zänn ze bäissen an Aktivitéiten duerchzezéien.

Am Beräich Sport huet d’Nora den Tauchbrevet gemaach a fir säin Talent war et beim Uelzechtkanal aktiv. Hatt huet ënner anerem geléiert wéi ee ka Filmer zouschneiden, den Toun iwwerschaffen an awer och dass d’Zesummespill  tëscht de Leit virun an hannert der Kamera immens wichteg ass.  Als Projet Résidentiel huet d’Nora un engem kulturellen Austausch, organiséiert vum Point Info Jeunes, dem Escher Jugendhaus an dem Escher Tauch-club op Mayotte, engem Iwwerséi-Departement vu Frankräich deelgeholl. Hei huet hat souwuel vun sengem Knowhow fir eng Kamera ze benotzen ewéi och vu sengem Tauchbrevet Gebrauch gemaach.

D’Ziel vum Projet war et fir de Participanten d’Méiglechkeet ze ginn Europa vun enger anerer Säit kennen ze léieren, a fir d’Nora huet dat och zougetraff. Um Projet ware souwuel Jonker vu Lëtzebuerg wéi och vu Mayotte bedeelegt. Als enorme Problem op der Insel ass hinne virun allem d’Verknaschtung vun der Ëmwelt opgefall. Egal wou een higaangen ass louche riseg Kéip mat Dréck fir déi keen sech interesséiert, wat virun allem op d’Aarmut op der Insel zréckzeféieren ass, déi et net erméiglecht sech adequat em d’Ëmwelt ze këmmeren. Positiv opgefall ass dem Nora déi wonnerschéin Natur: d’Makien déi do iwwerall ronderëm lafen, d’Schlüpfe vun de Bebé-Schildkröten, déi riseg Koralleriffer déi d’Insel ëmginn an iwwer 400 Delfinen op engem Koup.

Well dat Ganzt een Erasmus Plus Projet war, gouf ee groussen Deel vun de Käschte vun der Europäescher Unioun iwwerholl. Fir de Präis weider ze drécken hunn déi Lëtzebuerger Participante regelméisseg zesumme geschafft an z.B. Ticketen op der Kavalkade verkaaft. Esou huet all Jonke fir um Projet kënnen deel ze huele just 150€ misste bezuelen.

Op senger Rees huet d’Nora eng Reportage fir den Uelzechtkanal gefilmt an op der Remise huet hatt dem Publikum Ausschnëtter gewisen.

 

Yannick Noesen - Gold

Dem Yannick aus dem Athenée säi Gold Parcours war beandrockend, en hat et sech net einfach gemaach an esou huet en och mat engem gesonde Selbstvertrauen seng Aktivitéiten aus de Voleten Expeditioun a Benevolat op der Remise 2017 presentéiert, esou wéi och säi Projet Résidentiel.

Fir de Volet Expeditioun huet de Yannick, gemeinsam mat sengem Team an engem Tuteur aus de FNEL Scouten, ee Wanterhike organiséiert. Bei -10 Grad hunn si am Zelt iwwernuecht a sinn trotz dëser Keelt an deene 4 Deeg iwwer 80 Kilometer getrëppelt!

Fir säi benevollen Engagement, huet de Yannick sech bei Young Caritas gemellt. Hien huet do un verschiddenen Aktivitéite mat Flüchtlingen deelgeholl, um Brunch mat Patienten an der Eescher Klinik, an huet mat Kanner gespillt am Kader vum Spillmobil vu Young Caritas. Obwuel hie säi Gold Mérite 2016 mat Bravour ofgeschloss huet ass hie weiderhi bei Projete mat Flüchtlingen aktiv. Säit Ufank 2017, bréngt hien an aner Jonker zesumme mat Flüchtlinge Vëloen op trapp, si kachen zesummen a léieren sech kennen. D’Ziel ass fir duerno ee Vëlostour vun 3 Deeg duerch Lëtzebuerg ze maachen, an awer och de jonke Refugiéen d'Méiglechkeet ze ginn déi Lëtzebuergesch Sprooch op spilleresch Aart a Weis ze léieren, nei Frëndschaften ze schléissen, eventuell schwiereg Erfarungen e Stéck hannert sech ze loossen an sech och e wéineg méi hei zu Lëtzebuerg doheem an akzeptéiert ze fillen.

Fir säi Projet Résidentiel ass hien am Summer 2016 op Kathmandu geflunn, wou hie beim Opbau vun enger Schoul gehollef huet, déi duerch d’Äerdbiewen am Abrëll 2015 zerstéiert gouf. Hien erkläert dem Publikum bei der Präisiwwerreechung dat dëst net einfach war well hie gesinn huet wéi schlecht et verschidde Mënschen tatsächlech geet, awer et war a sengen Aen trotzdeem eng fantastesch Experienz, wou hien nei Frëndschafte mat Jonken aus allen Ecke vun der Welt geschloss, eng nei Liewensaart kenne geléiert huet an och erlieft huet wat et heescht richteg haart ze schaffen.

 

 
 Duke of Edinburgh's International Award