Eis Ambitioun ass, dass all Jonken tëschent 14-24 Joer aus Lëtzebuerg d’Chance soll hunn, fir beim Mérite Jeunesse kënnen deelzehuelen.
Et gëtt vill Grënn fir beim Programm aktiv ze ginn:
- Vum éischte bis de leschten Dag ass et ee richtegt Abenteuer
- Du léiers vill Leit kennen an am Team ze funktionéieren
- Du léiers nei Saachen a bass och kierperlech aktiv
- Du wäerts Spaass hu mat dengem Programm, deen s du dir selwer zesummestells
- Du kanns dech un neien Erfarungen an Erliefnisser erfreeën
- Du entdecks Talenter an dir un déi s du nie gegleeft häss
- Du méchs Saachen, déi dir Freed maachen an déi zu denger Passioun ginn
- Du kriss ee Certificat, dee weltwäit unerkannt ass
Stell dech der Erausfuerderung a maach mat beim Mérite Jeunesse!