De Mérite Jeunesse wärend der COVID-19 Pandemie

Primary tabs

D'COVID-19 Pandemie huet entretemps och Lëtzebuerg erreecht an huet natierlech och Effekter op d'Aktivitéite vum Mérite Jeunesse.

All Expéditioun an all Projet Résidentiel, déi fir Mäerz/ Abrëll geplangt waren, MUSSE VERLUECHT ginn.

Dir kënnt an deenen aneren 3 Voleten normal weidermaachen, virausgesat, dir sidd net a Kontakt mat der Risikogrupp an haalt iech un d'Richtlinne vun der lëtzebuergescher Regierung. Maacht w.e.g. esouvill Aktivitéite alleng a vun doheem auss, wéi nëmme méiglech ass.

Haalt w.e.g. am Hannerkapp, dass de Mérite ee Marathon a kee Sprint ass. 

De Mérite ass flexibel an de Programm kann ugepasst ginn, virun allem ënnert de momentanen Emstänn. Hei sinn e puer Optiounen, déi s dir mat ären Tuteure kënnt  consideréieren, fir dass dir äre Programm kënnt weidermaachen.

An de Voleten Talent, Sport a Bénévolat, kannst vun doheem aus weidergeschafft ginn. Entweder gëtt den Activity Coach iech Aufgaben oder dir siicht iech Online Tutorials, déi zu ärem Zil passen. De Fortschrëtt kann een iwwer Telefon oder Video festhalen.

Falls dës Optiounen net méiglech sinn, dierf ee säin Zil oder seng Aktivitéit änneren. Dëst soll eng Exceptioun sinn an ass just ze justifiéiere mat den aktuellen an aussergewéinlechen Emstänn.

Fir d’Voleten Expeditioun a Projet Résidentiel Gold gëlt et den Ament esou vill wéi méiglech vun doheem aus ze plangen an ze preparéieren. Trotzdeem, muss am Moment all Expeditioun a Projet Résidentiel Gold reportéiert ginn.

Falls d’Expeditioun, deen eenzege Volet ass, deen iech nach op Niveau Bronze oder Sëlwer feelt, ass et erlaabt scho mat nächsten Niveau unzefänken. Dëst ass just méiglech wann net all 3 Niveauen elo gläichzäiteg gemaach ginn, dir déi aner Volete komplett huet an de Mindestalter fir den nächsten Niveau erreecht hutt. Dëst ass eng Exceptioun ënnert dësen aussergewéinlechen Emstänn.

Falls et guer net anescht geet, kënnen Dir an är Tuteuren d’Aktivitéiten pauséieren.

 

Kuckt w.e.g. mat ären Tuteuren, wéieng Méiglechkeeten a Léisungen realistesch sinn.

Mir halen Iech um courant. Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir op der Homepage vum International Award:https://intaward.org/announcement/covid-19-virus-outbreak-award/?fbclid=IwAR1VH3vKcJH2xKErtoCjQKyiqjjwAKR8aETs0op4j0kcfEm8xTRQyuOGKCo