Remise des Insignes 2021

Primary tabs

Et freet eis iech kënne matzedeelen, dass mir eng virleefeg Léisung fir d’Remise hunn. Amplaz vun enger grousser Remise wäerten dëst Joer dräi méi kleng Fesitivitéiten stattfannen. De 16. Mäerz 2021 kréien d’Bronze Participanten hiren Diplom, an de 17. Mäerz ginn d’Sëlwer an d’Gold Participante geéiert, dëst a Präsenz vum Minister Meisch. Fir de Prix du Mérite gëtt den 11. Mee eng separat Zeremonie organiséiert.

Aktuell ass et onsécher wéivill Leit dierfen invitéiert ginn. Wa méiglech wäerten d’Tuteuren an d’Direktere vun den Unitéiten, déi Sëlwer a Gold Méritants hunn, de 17. Mäerz invitéiert ginn. D’Bronze Méritants kréien hire Certificat a Präsenz vun engem Elterendeel iwwerreecht.

Mir suivéieren d’Aktualitéit an de Kader vun der Remise gëtt entspriechend ugepasst.