Temporaire Changementer beim Mérite Jeunesse

Primary tabs

Als Reaktioun op d’Pandemie an all déi Komplikatiounen huet den International Award verschidden temporaire Changementer erlaabt. Dës betreffen an éischter Linn de Volet Expeditioun, mä och d’Alterslimitt:

-          All Participant, deen zwëschen Abrëll an Dezember 2020 25 Joer krut/ kritt, huet bis den 31. Dezember 2021 Zäit säi Mérite ofzeschléissen.

-          Um Niveau Bronze mussen d’Participanten just eng Expeditioun maachen. Bei de Participanten, déi schonn eng Prépa gemaach hunn, dierf dës als Final gëllen.

-          Participanten, déi mam Niveau Sëlwer weidermaache wëllen, dierfen dëst ouni d’Expeditioun um Niveau Bronze gemaach ze hunn. Wa se um Niveau Sëlwer hir Expeditioun maachen, kann d’Prépa fir d’Bronze ugerechent ginn an d’Final fir d’Sëlwer.

-          Expeditiounen op all Niveau dierfen an engem familiären Ëmfeld stattfannen. Fir déi sanitär Regelen anzehalen, dierfen d’Gruppen och an enger Jugendherberg oder a separaten Zelter schlofen.

- Soubal nees Expeditiounen dierfe stattfannen, denkt w.e.g. drun, dass zu all Moment d’Hygiènesmesurë musse respektéiert ginn.

 

Halt w.e.g. am Hannerkapp, dass de Verzicht op eng Preparatiounsexpeditioun net onbedéngt optimal ass. Ir Dir Är Participanten op eng Expeditioun schéckt, ass déi theoretesch Preparatioun weiderhin obligatoresch an d’Participanten solle sech schonn am Viraus iwwer hir Rolleverdeelung eenz sinn.

Denkt och w.e.g. drun, dass d’Expeditioune mussen dräi Wochen am viraus am Nationalbureau déclaréiert ginn.

All dës Mesuren si gülteg bis den 31. Dezember 2020.

 

Fir d’Nationalexpeditioun nozehuelen proposéieren mir den Datum vum 06-08.11.2020, also de leschte Weekend vun der Allerhellegevakanz. Falls dir Participanten hutt, déi un dëser Offer interesséiert sinn, mellt Iech w.e.g. esou séier wéi méiglech iwwer merite@youth.lu