Virdeeler fir är Schoul/Organisatioun:
- Dir kënnt parascolaire Aktivitéiten an ärer Schoul oder Aktivitéiten am Kader vum Veräin an de Programm vum Mérite mat afléisse loossen
- Ee Partenariat mam Mérite Jeunesse gëtt der Unitéit d’Méiglechkeet fir déi individuell Entwécklung vun deene Jonken innerhalb vum Programm, deen international etabléiert ass an noweisbar Friichten dréit, ze fërderen.
- Dir erméiglecht et deene Jonken sech konstruktiv Ziler ze setzen déi op eegenen Interessen a Fäegkeete baséieren an hinnen hëllefen hir Fräizäit sënnvoll ze notzen.
- Dir ënnerstëtzt d’Entwécklung vun der perséinlecher a sozialer Responsabilitéit bei deene Jonken.
- Andeems är Unitéit Jonker duerch hire Parcours beim Mérite begleet kënnen déi Tuteuren, déi sech engagéieren am Programm hir organisatoresch a berufflech Kompetenzen weider ausbauen.
- Et entsteet een Netz vu Kontakter mat aneren Unitéiten, déi um Programm deelhuelen an och innerhalb vun ärer Schoul oder Organisatioun entsteet ënnert den Tuteuren eng nei Austauschméiglechkeet.